Trottinettë geklaut                            
                            Eng Persoun no Abroch zu Näerzeng festgeholl
 
                    © RTL
An der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg war eng Persoun an der Cité Beaulieu zu Näerzeng an en Eefamilljenhaus agebrach.
Géint 1.30 Auer goufen hei aus der Garage ënnert anerem zwou Trottinettë matgeholl. D'Police hat sech sou séier wéi méiglech op d'Sich gemaach a konnt déi verdächteg Persoun och kuerz drop festhuelen. Donieft konnten déi geklaute Saachen net wäit vum Abroch séchergestallt ginn. En Donneschdeg gouf den Täter virun den Untersuchungsriichter bruecht.
                            Am meeschte gelies
                    
    
         
                     
                     
                     
                    