Annerhallef Milliard Mënsche si mat chroneschem Wéi geplot, wat och dacks Auswierkungen op Liewensqualitéit, mental Gesondheet an Aarbecht huet.

Fir datt déi concernéiert Patienten adequat encadréiert ginn, muss d'Gesondheetspersonal och richteg op dës Péng reagéieren. An dowéinst gouf an der Kannerklinik vum CHL rezent eng Formatioun organiséiert.

Hypnose ass eng Form vun Traitement fir géint de Wéi virzegoen. D'Hypnose an d'Form vun der Kommunikatioun mam Patient kënne muncher Stress a Wéi ewechhuelen.

Et gi vill verschidden Zorte vu Péng. Ausgeléist duerch eng Verletzung oder zum Beispill eng Entzündung vun de Nervestreng. An der Pediatrie gi virun allem déi net medikamentéis Behandlungen agesat.

Dacks mussen och scho Kanner laang a komplizéiert Traitementer an hirem jonke Liewen mat a Kaf huelen. Fir dës besser z'erdroen, ginn déi jonk Patienten op spilleresch Manéier ofgelenkt. Wat de Wéi bei Kanner ubelaangt soll een als Eltere net waarden, bis ee beim Dokter ass, fir eppes géint d'Péng ze ënnerhuelen.