Hëllef um Terrain (HUT)
Zwou nei Persounen am Verwaltungsrot plus eng an der Finanzdirektioun
Ee Mount zanter der Formatioun vun der Organisatioun Hëllef um Terrain gëtt et zwee nei Nimm an Verwaltungsrot.
Genannt goufen d‘Netty Klein, fréier Generalsekretärin bei der COPAS an d‘Evie Roos vun ArcelorMittal.
Weider ass de Poste vun der Finanzdirektioun mat der Erica Monfardini besat ginn. Si huet ënnert anerem an der Finanzdirektioun vun der Uni Lëtzebuerg geschafft. Gesicht gëtt awer weider e Generaldirekter. Genee wéi 10 aner Mataarbechter.
An Tëscht ass HUT Member vun der Asbl Spëndchen, déi d‘Wueren fir d‘Sozialbutteker akeeft, an der Dräieck Asbl, déi d‘Wanteraktioun geréiert.
Am meeschte gelies