Wéinst Feeler an hirem Reporting an de Joren tëscht 2018 an 2023 gëtt d'Europäesch Zentralbank der Spuerkeess eng Amende.

D’Spuerkeess kritt eng Strof vu ronn 1,7 Milliounen Euro vun der EZB-Bankesurveillance. Dat wéinst Feeler an hirem Reporting am Zäitraum vu Mäerz 2018 bis Mäerz 2023.

Dobäi geet et ëm d’Bewäertung vun de Risiken, déi d’Bank op de Bicher huet. Dat, fir ze berechnen, wéi vill Eegekapital se am Géigenzuch fir déi Risike muss op d’Säit leeën. D’Spuerkeess hätt awer och no der Korrektur vun deenen zwee Feeler allzäit d’Eegekapital-Ufuerderunge vun de Regulateure wäit iwwerschratt, wéi d’Bank an engem Communiqué erkläert.

Op Nofro seet hire Generalsekretär Marco Rasqué Da Silva, d’Stabilitéit vun der Bank an de Clienten hier Avoire wieren zu kengem Moment a Gefor gewiescht. D’Spuerkeess gëtt als systeemesch relevant Bank wat d’Eegekapital-Ufuerderungen ugeet direkt vun der Europäescher Zentralbank, an net vun der Lëtzebuerger Finanzopsiicht CSSF, iwwerwaacht.