Route du VinYonas Kindé dee Séierste bei den Hären, d'Jenny Gloden bei den Dammen

Tom Hoffmann
Bei der Route du Vin ass e Sonndeg d'Lëtzebuerger Championnat am Semi-Marathon gelaf ginn.

Bei den Häre war de Yonas Kindé dee Séiersten. De Leefer vum Celtic ass virum Jimmy Keiffer vun der Fola an dem Niall Foley vum CAEG Grevenmacher iwwer d'Arrivée gelaf.

Bei den Dammen huet sech d'Jenny Gloden vun der Fola duerchgesat. Op de Plazen zwee an dräi sinn déi zwee Celtic-Leeferinne Anne Reiser a Lara Georges ukomm.

Back to Top
CIM LOGO