D'Police ass 2024 dowéinst méi wéi 1.000 Mol geruff ginn. Experte ginn dovun aus, dass d'Zuel vu Fäll, déi net gemellt ginn, e gutt Stéck méi héich ass.

Besonnesch vulnerabel fir dës Zort vu Gewalt si Fraen, déi als Immigrantinnen an d’Land komm sinn an nach kee séchere Statut hunn. Dat hält si dacks dovun of, bei d’Police ze goen. Dogéint wëllen d’Associatioune Médecins du Monde a Passerell elo virgoen. Déi concernéiert Frae solle besser informéiert ginn.

Hands Off/Reportage Carla Schuller

Zanter 2 Joer schaffen déi zwou Organisatiounen un enger Broschür, déi sech esouwuel un d’Affer vun haislecher Gewalt riicht, wéi och un déi Professionell, déi mat dëse Persounen a Kontakt kommen. D’Broschür soll virun allem falsch Informatiounen aus dem Wee raumen, wéi d’Keren Rajohanesa, Juristin bei der Passerell, erkläert.

"Il y a beaucoup de victimes qui sont persuadés que en cas de dépôt de plainte, ou si elles demandent l'assistance d'un service spécialisé, elles vont perdre immédiatement leur titre de séjour. Ou bien elles vont être éloigner vers leur pays d'origine immédiatement, ce qui n'est pas nécessairement le cas et c'est tout l’intérêt de cette brochure d’informer les professionels et les victimes qu'elles peuvent maintenir leur droit au séjour au luxembourg et béneficier de cetle protection."

Dës Desinformatioun féiert dacks dozou, dass Fäll net gemellt ginn. D’Konventioun vun Istanbul gesäit awer vir, dass all Fra, egal wat hire Statut ass, d’Recht huet, am Fall vun haislecher Gewalt gehollef ze kréien. De Problem wier virun allem, dass d’Autoritéiten net déi néideg Formatioun kréien, fir richteg domadder ëmgoen ze kënnen, esou d’Stéphanie Gardini, Responsabel vum Service Sociale Médecins du Monde.

"Ech denken, dass, wa mir alleguer als Sozialaarbechter vum Terrain oder als Polizisten oder als Dokteren oder an der Médécine Scolaire méi au courant sinn, dass och déi Frae Rechter hunn, dann ass et vill méi einfach, fir alleguer zesummen ze plädéieren, dass déi Rechter respektéiert solle ginn. Et ass jo net esou wéi wa se keng Rechter hätten, mee se ginn net richteg applizéiert."

Och d’Institutioune wéi Fraenhaiser si staark iwwerlaascht mat Waardelëschte vu bis zu 80 Persounen all Joer, wouduerch de Fraen net esou ka gehollef gi wéi et sollt. Déi zwou Organisatiounen hoffen, mat dëser Broschür och méi Opmierksamkeet op de Probleem vun der Gewalt géint Fraen ze zéien an d’Leit ze motivéieren, fir dëse Fraen ze hëllefen.

D’Broschür fënnt een och vun en Donneschden un online op Passerell.lu.