Bréiwer gi méi deier, Päck deels méi bëlleg
© RTL-Archiv
Wéi d'Post en Dënschdeg matdeelt, gëlle vum 1. Februar 2025 un nei Tariffer. Verschiddenes gëtt méi deier, ma aneres och méi bëlleg.
D'Tariffer fir national an international Päckel a Bréiwer géife geännert ginn, fir déi laangfristeg Rentabilitéit vun de Servicer vun der Post ze garantéieren, heescht et am Communiqué.
Deemno gi vum 1. Februar u sechs geografesch Zonen definéiert, an deene jeeweils eegen Tariffer gëllen - nieft Lëtzebuerg also nach fënnef international Zonen.
Zu der Zon 1 gehéieren nieft den Nopeschlänner och nach Holland a Portugal. Hei wier d'Ännerung wéinst dem héije Volume u Päckelcher fir d'Konsumente a verschiddene Fäll besonnesch virdeelhaft, virun allem och fir den nationalen E-Commerce. Esou géif d'Schécke vu Päck mat manner wéi 2 Kilo an d'Nopeschlänner oder och a Portugal an Holland ëm d'Hallschent méi bëlleg ginn.
Päck bis 2 Kilo, déi national verschéckt ginn, kaschten dogéint vum 1. Februar un net méi 6 Euro, mee 7,20 Euro. Fir en décke Pak am Land ze verschécken, dat kascht geschwë keng 12 Euro méi, mee 22 Euro.
Wie vum 1. Februar u wëll Bréiwer verschécken, dee muss och méi déif an d'Täsch gräifen. Vun elo 1 Euro geet de Präis fir ee Standard-Bréif dann op 1,20 Euro erop. Fir europäesch Bréiwer geet de Präis ëm 30 Cent op 1,70 Euro erop, wärend ee fir e Bréif an en Drëttland 65 Cent méi bezilt (2,40 Euro).
D'Post-Entreprise deelt dann och mat, datt an der Moyenne all Stot zejoert nëmmen nach véier Timbere gebraucht huet.