Spektakulär BillerÉisträich: Paragliderin iwwerlieft Kollisioun mat Fliger

RTL Lëtzebuerg
Eng 44 Joer al Paragliderin huet an Éisträich nëmme knapp e schwéieren Accident iwwerlieft, nodeems eng Cessna an der Loft hirt Seegel zerstéiert hat.
Symbolbild.
Symbolbild.
© BERNARD JAUBERT/Only France via AFP

Eng Paragliderin an Éisträich hat e Samschdeg extrem vill Chance: Déi 44 Joer al Fra war, net weit vun Zell am See, an der Loft wéi op eemol e klenge Fliger – eng Cessna – iwwer hire Kapp laanscht flitt an dobäi hiert ganzt Seegel zerstéiert.

D'Fra huet direkt un Héicht verluer, konnt awer hire Rettungsschierm benotzen an duerno sécher landen. Dat Ganzt huet si duerch eng Kamera um Paraglider dokumentéiert.

Nieft dem Video vum spektakulären Accident schreift d'Fra weider, datt si ausser e puer bloe Flecken a Prellunge keng Blessuren dovugedroen hätt.

Am Fliger soll een 28 Joer jonke Pilot gewiescht sinn, den der Police vu Salzburg no ausgesot huet, dass hien d'Paragliderin ze spéit gesinn hat an net méi hätt kënnen auswäichen.

Back to Top
CIM LOGO