
Um fréie Sonndegmoien huet eng Persoun bei der Police gemellt, datt e Gaardenhaischen zu Esch-Uelzecht géing brennen. Den Zeie konnt och eng verdächteg Persoun beschreiwen, déi d'Feier soll geluecht hunn. D'Police konnt kuerz drop e Mann lokaliséieren, deen op d'Beschreiwung gepasst huet. Dëse gouf festgeholl a schonn de selwechten Dag am Nomëtten dem Untersuchungsriichter virgefouert.
Géint 22 Auer e Sonndeg ass d'Police wéinst enger Kläpperei tëscht zwee Männer an de Garer Quartier an der Stad geruff ginn. Op der Plaz konnten déi zwou involvéiert Persounen an alkoholiséiertem Zoustand ugetraff ginn, och wa béid net kooperéiere wollten. Well si d'ëffentlech Uerdnung gestéiert an och eng Gefor fir sech selwer duergestallt hunn, goufe si no enger medezinescher Ënnersichung an d'Ausniichterungszell bruecht, wou si d'Nuecht verbruecht hunn.
Géint 7.30 Auer e Méindeg ass eng Policepatrull op e Gefier opmierksam ginn, well de Chauffeur sech verdächteg beholl soll hunn. De Mann gouf op de Policebüro bruecht an do gouf festgestallt, datt hien alkoholiséiert war. Ausserdeem hat hie schonn e provisorescht Fuerverbuet. D'Police huet Protokoll erstallt an d'Gefier saiséiert.