Rettungshelikopter zu Miedernach6 Blesséierter bei Kollisioun tëscht zwee Autoen

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt nieft klenge Bränn e gréissen Accident zu Miedernach, bei deem am Ganze sechs Leit blesséiert goufen.
© Luxembourg Air Rescue

Wéi am CGDIS-Bulletin vun e Méindeg am Nomëtteg ze liesen ass, ware géint 14:15 Auer zu Miedernach an der Strooss "Gillenshaff" zwee Autoen anenee gerannt. Sechs Leit goufe bei der Kollisioun blesséiert. Um Asaz waren nieft dem Rettungshelikopter an dem Samu-Noutdokter vun Ettelbréck och d'Pompjeeën aus der Fiels, Jonglënster an dem Zenter Nordstad. Och d'Pompjeeë vu Waldbëlleg an aus der Fiels ware geruff ginn. Op Nofro bei der Police hi krut RTL präziséiert, dass d'Leit wuel Gléck am Ongléck haten. Véier Persoune goufe liicht Blesséiert an d'Spidol transportéiert, esou heescht et vun der Police.

Donieft waren d'Pompjeeë vu Wolz, Réiden an der Stad wéinst méi klenge Bränn geruff ginn. Deemno hat zu Wolz géint 12 Auer e Grill gebrannt a géint 16:40 Auer eng Poubelle. Zu Réiden war Damp aus enger Schalttafel komm an am Pafendall huet hat gebrannt. Bei kengem vun de Feiere goufe Persoune blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO