Läich vun 12 Joer alem Jong fonnt16 Joer ale Jugendlechen an der Bretagne festgeholl

AFP, iwwersat vun RTL
Nom presuméierte Mord vun engem 12 Joer ale Jong zu Rennes huet d'Police a Frankräich e 16 Joer ale Jugendleche festgeholl.
Nach der mutmaßlichen Tötung eines zwölfjährigen Jungen in Rennes mit einem um den Hals gewickelten Handtuch hat die Polizei in Frankreich einen 16-Jährigen festgenommen.
D'Police an d'Pompjeeë siche ronderëm d'Plaz, wou d'Läich fonnt gouf, no Hiweiser.
© AFP

D'Festnam wier e Méindeg de Moien an der nordwestlecher Stad an der Bretagne geschitt, heescht et vum Procureur Frédéric Teillet.

E Fëscher hat d'Police e Sonndeg de Moien alarméiert, well e Gejäiz vun engem Kand héieren hat. De Rettungsekipp wier et awer net gelongen, den 12 Joer ale Jong ze reaniméieren, esou de Parquet weider. D'Kand wier deemno an engem Bësch beim Ufer vun der Vilaine an engem bessere Quartier net wäit vum Zentrum vu Rennes fonnt ginn. Dat mat engem naasse Buedduch "ganz fest ëm säin Hals gebonnen".

D'Police huet Ermëttlunge wéinst Homicide lancéiert. E Méindeg ware sëllege Polizisten op der Plaz, wou d'Kand fonnt gi war. Pompjeeën an Neopren hunn am Floss no Hiweiser gesicht, wéi e Journalist vun der AFP gesinn huet.

Passante wiere schockéiert iwwer de Virfall. "Et ass kaum ze gleewen", esou e 57 Joer ale Mann. Vill Awunner, mat deenen d'AFP geschwat huet, hu virun allem zwou Hypotheese genannt: "E Spill vun domme Jugendlechen, dat schlecht ausgoung, oder e Mëllen, deen "de Jong ugegraff huet".

Back to Top
CIM LOGO