Wéinst dem Iran-Krich ass d‘Offer méi kleng, wéinst der Vakanzenzäit d‘Demande awer ëmsou méi grouss. De Konsument trëfft dat um Enn beim Präis.
Den Direkter vun der Internationaler Energie-Agence IEA warnt virun ze niddrege Stocken am Juli an August. D'Vakanzesaison fänkt nämlech elo u mat enger Rei Feier- a Bréckendeeg. Bis September gëtt dann erëm méi gereest, esou datt d'Demande no Kerosin a Sprit klëmmt. Gutt wier awer, datt d'Reserve virun der aktueller Kris gutt voll waren, wéi och de President vum Groupement Energies Mobilité Lëtzebuerg, Eric Bleyer, confirméiert.
"Déi lescht Joren hate mir eng Iwwerkapazitéit um Maart, d'Stocke waren alleguer héich. Elo komme mir an eng Situatioun, an där d'Stocke lues a lues ufänken opzedréchnen. Wann déi Strooss elo net schnell opgeet, da riskéiere mir wierklech, knapp ze ginn an de Produiten."
Den Direkter vun der IEA schwätzt hei esouguer vun enger rouder Zon, an déi een da géif erageroden.
De Secteur hofft deemno drop, datt de Konflikt mam Iran geléist gëtt an d'Liwwerungen d'Strooss vun Hormus erëm kënne passéieren. Soss gëtt et nieft dem Niveau vun de Reserven och bei de Präisser kritesch.
"Wann d'Strooss elo wierklech nach laang zou bleift, da wäerten d'Präisser héich bleiwen respektiv nach méi héich ginn. Duerfir gëtt elo eng Tripartite aberuff. Ech denken, dat ass genau d'Grondthema vun där Tripartite, fir ze kucke wéi eng Mesurë mir do kënnen a sollen huelen, fir d'Industrie an d'Leit ze ënnerstëtzen."
Déi international Energie-Agence geet iwwerdeems dovun aus, datt aktuell pro Dag 14 Millioune Barrel Pëtrol um Marché feelen.