Zeie gesicht no Déifstall am Mamer ParkMann stéisst eeler Fra an Heck a klaut Handy

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien am Kader vun enger Enquête wéinst Vol mat Gewalt e Sonndeg de Moien zu Mamer am Park.
© RTL Grafik

Eng eeler Fra war géint 10:10 Auer am Mamer Park vun engem onbekannte Mann an eng Heck gestouss ginn. Den Déif huet hir doropshin den Handy geklaut. Der Police no ass et e roude Klapphandy vun der Mark Doro. Deemno ëm en Apparat, deen nei net emol honnert Euro kascht.

Der Police no war de presuméierten Täter vum Mamer Park aus a Richtung vun enger Bank geflücht.

Si beschreift dësen als éischter grouss gewuess, a vu Kapp bis Fouss schwaarz ugedoen.

Wien eppes gesinn huet oder weess soll sech bei der Police vu Capellen ënnert der Nummer 244 30 1000 oder per Mail op police.capellensteinfort@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO