Hëtztwarnung bleift fir ganzt LandTemperature kënnen en Dënschdeg bis op 33 Grad klammen

RTL Lëtzebuerg
Nom hëtzege Wieder de Weekend an e Méindeg kënnen d'Temperaturen en Dënschdeg souguer nach weider klammen.
Kand killt sech beim Roude Pëtz an der Stad of.
© Domingos Oliveira

Fir en Dënschdeg ginn aktuell tëscht 31 an 33 Grad am Grand-Duché virausgesot. MeteoLux warnt dowéinst weiderhi virun hëtztbedéngter Middegkeet an Erschëpfung bei laanger kierperlecher Aktivitéit a gëtt eng giel Warnung fir dat ganzt Land eraus.

Giel ass déi éischt Warnstuf a seet aus, dass eng méiglech Gefor besteet.

© MeteoLux

Och d'Previsioune fir de Rescht vun der Woch soen den Ament Temperaturen ëm 30 Grad viraus.

An eisem Artikel vun zejoert kënnt Dir nach emol noliesen, wéi Dir am beschte mat den hëtzegen Temperaturen ëmgoe kënnt:

Back to Top
CIM LOGO