E Méindegowend gouf e Mann op der Ettelbrécker Place de la Gare mat engem Messer agresséiert an dobäi un der Schëller blesséiert.

De Mann gouf op der Plaz versuergt a koum dono an d'Spidol. Hie gouf awer net liewensgeféierlech verwonnt, wéi d'Police präziséiert.

Geschitt ass d'Attack géint 19 Auer. De presuméierten  Täter ass no der Dot a Richtung Ettelbrécker Zentrum geflücht. Hie war däischter ugedoen. D'Police sicht an deem Zesummenhang no méiglechen Zeien. Dës solle sech beim Policebüro Dikrech / Veianen per Telefon ënnert der Nummer (+352) 244801000 oder per Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu mellen.