Inter-Actions sicht dréngend en "Nightshelter" an en Ënnerdaach fir seng Büroen
De Service Premier Appel vun Inter-Actions bitt Sans-abrien en Ënnerdaach fir eng Nuecht. Den Ament sicht een awer selwer no engem fixen Ënnerdaach.
Wann ee vum Staat ënnerstëtzte Service fir Sans-abrie selwer kee fixen Ënnerdaach méi huet, klengt dat schonn e bësse gelungen, ma genee an där Situatioun ass de Service Premier Appel vun Inter-Actions, zënter Ugangs November. Si maache Streetwork, ginn duerch d'Stater Quartieren an esouguer doriwwer eraus a proposéiere Leit, déi op der Strooss sinn, fir eng Nuecht en Ënnerdaach. Nieft der schonn existenter Iwwernuechtungsméiglechkeet hat Inter-Actions en neie sougenannten "Nightshelter" geplangt an e Site gesicht, deen och hire Büro géing integréieren, bis ewell awer ouni Succès.
Hir Büroe waren eng gefillten Éiwegkeet op der Nr. 13 an der Diddenuewener Strooss, genee do, wou en Hotspot ass, wou sech ganz vill Sans-abrien ophalen. Mee et sinn net si eleng, ëm déi sech de Service Premier Appel vun Inter-Actions bekëmmert. Den Nelson a seng Ekipp si bis 10 Auer owes ënnerwee a proposéieren Hëllef, fir d’Nuecht. D'Leit mussen uruffen, e Rendezvous ausmaachen an da gi se op Hollerech gefouert, erkläert den Nelson Dos Reis, Responsabele vum Service Premier Appel vun Inter-Actions. Eleng oder einfach esou géif keen eragelooss: en Educateur géif bis an den Owend era bleiwen, dono kontrolléiert e Sécherheetsagent. Richteg Problemer hätte si zu Hollerech nach ni gehat an d’Awunner géife soen, dass de Quartier esouguer méi roueg gi wier, duerch hir Presenz!
Bis elo schlofen an duschen d’Leit hannert der Hollerecher Kierch, ouni Déieren, wéinst dem Manktem u Plaz. D'Demande wier grouss, esou 15 pro Nuecht. Grad wa keng Wanteraktioun wier, géif et hinnen u Better feelen. Zu Hollerech, am ëmgebaute Killcamion, ass Plaz fir 8 Leit.
Gesicht hu se, fonnt hate se, mee um Enn goufen d’Projeten entweder vun der Noperschaft oder duerch de Stater Bebauungsplang blockéiert. Dobäi bräichte si guer net vill Metercarréen, just eng Plaz, wou Büro a Better kéinte beienee sinn, seet d’Virgine Giarmana, Directrice vun Inter-Actions.
Den Ament huet d'Stad hir Büroe provisoresch ënnerbruecht. Eng fix Plaz, e Gebai fir de Premier Appel, säi Büro an 10 Better, schéngen nämlech den Ament weder d’Stad Lëtzebuerg, nach de Familljeministère eidel stoen ze hunn.