Tëscht 22 Auer e Sonndeg den Owend an 2 an der Nuecht op e Méindeg goufen am Süde vum Land eng ganz Partie Caféë kontrolléiert.

Haaptsächlech gouf zu Déifferdeng, Péiteng, Rodange an Esch gekuckt, ob d'Besëtzer vun de Caféen déi néideg Autorisatiounen hunn, ma och eng Partie Persoune si kontrolléiert ginn. 40 Policebeamte waren am Asaz.

Zwee Lokaler hunn hir Diere missen zoumaachen, well si net déi néideg Autorisatiounen haten. An zwee weidere Fäll war kee Responsabel sur place an an nach zwee Fäll koum et zur Schwaarzaarbecht. E weidert Lokal hat seng Dieren ze laang op.

Donieft hunn d'Beamte fënnef Protokoller wéinst Drogebesëtz geschriwwen an ee Protokoll, well Geneemegungen a Verkafspräisser net accessibel waren. Donieft gouf nach eng Persoun gepëtzt, déi illegal am Land war an et gouf nach e Messer souwéi eng Wo fir Droge saiséiert.