Zu Holztem goufen 141 réimesch Mënzen entdeckt, Wäert vun iwwer 300.000 Euro

© INRA
De Piraten-Deputéierte Marc Goergen hat an enger parlamentarescher Fro no der Existenz vun engem réimesche Goldschatz gefrot.
De Kulturminister Eric Thill huet um Méindeg geäntwert, dass zu Holztem, op der Plaz "Um Rank", tëscht 2020 an 2024 archeologesch Fouillen ënnert der Leedung vum INRA, dem Institut national de recherches archéologiques duerchgefouert goufen. Et hätt ee bis elo net dozou kommunizéiert, fir dass et net zu Fäll vu Vandalismus kënnt.

© INRA
Den Eric Thill bestätegt dann och, dass heibäi spéitréimesch Strukture fonnt goufen, grad ewéi e monetären Depot vun net manner wéi 141 réimesche Mënzen, deemno eng Zort Schatz. Dës stamen aus der zweeter Hallschent vum 4. Joerhonnert an hätten en numismatesche Wäert vun 308.600 Euro. Den numismatesche Wäert geet iwwert de Wäert vum Metall vun der Mënz ewech, a consideréiert och déi historesch Bedeitung, Seelenheet, den Zoustand an d'Nofro.
De Kulturminister sträicht besonnesch 3 Mënze mam Ofbild vum Usurpator Eugenius ervir, dee vun 392 bis 394 regéiert huet. D'Fouillen hätten dann och besonnesch laang gedauert, fir sécher ze goen, dass all d'Mënzen aus dem Buedem gebuerge konnte ginn.
Op de Mënze wieren alles an allem 9 verschidde réimesch Keeseren ze gesinn, déi tëscht 364 a 408 regéiert hunn.
Well et sech bei dëser Decouverte ëm eng wierklech aussergewéinlech handelt, huet de Staat dann och decidéiert, dës dem Entdecker ofzekafen.
"D’Opschaffe vun de Fouillen an de Fondstécker wäert nach eng Zäit daueren, mä wäert ganz bestëmmt
onst Wëssen a Verständnis vum leschte Joerhonnert vum réimesche Räich am Weste weiderbréngen."
Weider heescht et an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro, dass ee mam INRA géif un enger Strategie schaffen, fir den archeologesche Patrimoine hei am Land besser ze valoriséieren. De Public soll d'Méiglechkeet kréien, d'Fondstécker och gewisen ze kréien. Dobäi géif d'Éislek natierlech mat agebonne ginn, fir déi kulturell Offer am Norden an den nächste Joren z'erweideren. Éischt Iddien an deem Sënn sollen am Laf vum nächste Joer virgestallt ginn.