Luc Frieden fir EU-Reglementatioun vu Social-Media-Accès vu Mannerjäregen

© Rasit Aydogan / Anadolou Agency via AFP
D'Regierung géing et begréissen, wann op europäeschem Niveau eng Positioun iwwert den Accès zu Soziale Medie fir Mannerjäreger géing ausgeschafft ginn.
Dat äntwert de CSV-Premierminister Luc Frieden der LSAP-Deputéiert Liz Braz an der Chamber-Froestonn en Dënschdeg de Mëtten.
D'Deputéiert huet op Australien verwisen, wou Jonker ënner 16 Joer duerch en neit Gesetz keng Sozial Medie méi dierfe benotzen, an op de franséische President Emmanuel Macron, deen eng Diskussioun op EU-Niveau zu deem Thema fuerdert.
Lëtzebuerg wéilt sech konstruktiv an déi Debatt abréngen, esou de Premier, ouni virgefestegt Positioun. Et géing him räsonabel schéngen, datt bis 16 Joer eng Autorisation parentale néideg wier. D'Regierung misst sech awer nach weider zum Thema "Accès zu Soziale Medie fir Mannerjäreger" beroden.