Parlament stëmmt Social-Media-Verbuet fir Leit ënner 16 Joer

© AFP
Dat australescht Parlament huet en Donneschdeg e Gesetz gestëmmt, dat et Kanner ënner 16 Joer verbitt, en eegene Kont op de soziale Medien ze hunn.
Den entspriechenden Text krut esouwuel an der éischter Parlamentskummer ewéi och am Senat déi néideg Majoritéit. Mat deem neie Gesetz kritt Australien eng vun de strengste Reegelungen, wat d'Notzung vun Online-Plattforme wéi Tiktok, Instagram oder Facebook ugeet.
D'Bedreiwer vun de Plattforme mussen deemno an Zukunft an Australien Schrëtt ënnerhuelen, fir sécherzestellen, dass keng Persounen ënner 16 Joer bei hinnen, ouni Opsiicht vun den Elteren oder Erzéiungsberechtegten, en eegene Kont kënnen ariichten.
Den australesche Premierminister Anthony Albanese hat sech fir dëst Gesetz staark gemaach. Déi sozial Medie wieren eng Plattform fir Gruppenzwang, géifen Ängschte fërderen a wieren Hëllefsmëttel fir Onéierlecher a Perverser.
Wann d'Bedreiwer vun de Plattforme géint dat neit Gesetz verstoussen, riskéiere si Strofe vun ëmgerechent maximal 31 Milliounen Euro. Vun de betraffene Firmen ass et d'Kritik, dass d'Gesetz ze ongenee wier.
Bis ewell steet tatsächlech kaum eppes doriwwer am Gesetz, wéi de Verbuet soll duerchgesat ginn. Experte fäerten dowéinst, dass dëst - wann iwwerhaapt - nëmmen eng symbolesch Bedeitung wäert hunn. Vun der australescher Regierung heescht et, dass déi genee Virschrëften nach ausgeschafft ginn, éier d'Gesetz a Kraaft triede wäert. Dat soll fréistens an engem Joer de Fall sinn.
Fir Messenger-Déngschter ewéi Whatsapp a verschidde Plattforme wéi Youtube, déi d'Kanner zum Beispill an der Schoul notzen, sollen et Ausname ginn.