Dat huet d'Nora Back en Dënschdeg den Owend op enger Maniff ënnerstrach, déi d'Gewerkschaften OGBL an LCGB zesummen organiséiert haten.

Et ass eng Warnung un d'Regierung, virop un d'Adress vum Aarbechtsminister Georges Mischo. 
OGBL an LCGB wëllen zesumme mat aller Konsequenz a mat all hire Moyenen dat verdeedegen, wat Generatioune vu Gewerkschaftler erkämpft an ofgeséchert hunn.

Dat hu si en Dënschdeg den Owend op enger Manifestatioun zu Dummeldeng ënnerstrach, wou iwwer 700 Gewerkschaftsmembere waren. D'Syndikater fuerdere virop, datt si dat exklusiivt Recht behalen, fir Kollektivverträg auszehandelen, an datt et där Kollektivverträg méi ginn.
 
Dat fuerdert souguer d'OECD, déi, esou d'Nora Back, éischter als patronatsno bekannt ass an et steet an enger europäescher Direktiv. Do gëtt en Taux de couverture vun 80 Prozent gefuerdert. Den Ament läit en zu Lëtzebuerg bei ronn 50 Prozent.

Der Regierung gehäit d'Nora Back, d'Presidentin vum OGBL vir, si wéilt d'Gewerkschafte platt maachen. 
Si géif vill vu Respekt schwätzen awer selwer iwwerhaapt kee vis-à-vis vun de Gewerkschafte weisen.
 
"Si léisst keng Geleeënheet aus de Leit d‘Märchen ze verzielen, datt d’Gewerkschafte veraalt wieren, datt mir manner Memberen hätten, datt mir d‘Leit net vertriede géifen, datt mir näischt verstanen hätten. A si rifft eis elo zum Respekt op?! Souwisou si Politiker aus engem Land wou d’Hallschent vun der Bevëlkerung kee Walrecht huet, gutt beroden, net ze vill vu Representativitéit ze schwätzen."

De President vum LCGB, de Patrick Dury huet ënnerstrach, datt d'Regierung a besonnesch den Aarbechtsminister enorm vill Vertraue bei de Gewerkschafte verspillt hunn. Déi hätte gär schwaarz op wäiss wat geplangt wier. 
 
"Regierung a Patronat stiechen hei ënnert enger Decken, den Ex-President vun der Chambre de Commerce Hand an Hand mam Chauffage Sanitaire vun Esch, deen un der Spëtzt vun der UEL steet, hunn eng reaktionär, eng destruktiv Agenda, déi d’Acquis vun de Salariéen, de Rôle an d’Rechter vun fräien an onofhängege Gewerkschaften net nëmme wëlle beschneiden, mä se wëlle se futti maachen".

A genee dat wëllen OGBL an LCGB net zouloossen - hunn d'Nora Back an de Patrick Dury ënnerstrach. 
Si wëlle bis zum Äusserste goen, mat engem Generalstreik wann et muss sinn.

D'Dany Rasqué live vun der Plaz bei der Aktioun vum OGBL an LCGB

E Méindeg hat sech och d'CGFP schonn zu Dummeldeng getraff.