Donieft hätt de Konsumenteschutz en neie Spëtzesteiersaz proposéiert, fir Steierreduktiounen ze finanzéieren.

An engem Communiqué schreift d’ULC e Mëttwoch, datt se bei engem Treffe mam Finanzminister Gilles Roth iwwert de Staatsbudget fir d’nächst Joer dat mat op de Wee ginn hätt. Donieft hätt de Konsumenteschutz en neien Spëtzesteiersaz proposéiert, fir Steierreduktiounen ze finanzéieren.

De Steier-Barème soll nees automatesch un d’Inflatioun ugepasst ginn an d’TVA op Biens de première nécessité vun 3 op 0 gesat ginn. D’ULC hätt d’steierlech Entlaaschtungen, besonnesch fir elengerzéiend Stéit, déi virgesi sinn, begréisst. Dës géingen awer net duergoen.