75 Aggressioune bannent 5 Joer an den 3 Prisongen
© RTL Archivbild
D'lescht Woch koum et zu engem uergen Tëschefall am Prisong zu Giwenech. E Giischtjen gouf vun engem Detenu schlëmm verwonnt.
No dësem Virfall wëll d'Justizministesch d'intern Protokoller iwwerschaffen. Och wann et Kamerae géife ginn an d'Giischtercher ëmmer e Funk dobäi hätten, sou wieren dës Leit engem reelle Risk ausgesat, wa se a Kontakt mat Gefaangene sinn.
Beim Tëschefall d'lescht Woch hätten d'Giischtercher ganz professionell op d'Attack reagéiert, sou datt d'Sécherheet an den Ordre public zu kengem Ament a Gefor gewiescht wieren.
Weider präziséiert d'Elisabeth Margue, datt et dëst Joer bis ewell zwou physesch Aggressiounen zu Giwenech ginn hätt, zejoert keng an 2022 hätten et 3 esou Tëschefäll ginn.
Och an den anere Prisonge ginn et natierlech Fäll vun Aggressiounen, zu deenen op d'Personal späizen, bäissen oder soss Attacke gehéieren. Zu Suessem waren dat zanter der Ouverture eng 20 Tëschefäll an am Schraasseger Prisong goufen et bannent de leschte 5 Joer eng 50 esou Incidenten.
D'Fro no der Sécherheet hannert de Mauere vun den 3 Prisongen hat déi fréier Gréng Justizministesch Sam Tanson hirer Nofollgerin gestallt.