De Gesetzesprojet mat deem de Chômage fir Fransousen, déi zu Lëtzebuerg geschafft hunn, deels ëm d'Hallschent reduzéiert gi wier, gouf annuléiert.

Entwarnung deemno fir franséisch Frontalieren. Virop d‘Senatrice vum Departement Meurthe-et-Moselle huet betount, datt esou eng Reduktioun vum Chômage ongerecht wier. Si setzt sech dofir an, datt esou Reegelen op europäeschem a bilateralem Niveau sollen decidéiert ginn.

Deem stëmmen och d'Lëtzebuerger Gewerkschaften OGBL an LCGB zou. Och si fuerderen eng europäesch oder bilateral Solutioun, fir d‘Rechter vun de Frontalieren ze schützen a begréissen d‘Decisioun vun der franséischer Regierung, dëse Gesetzesprojet falen ze loossen.