Privatiséierung am Gesondheetswiesen
CGFP fuerdert Gesondheetsministesch Deprez op, Gesetzesprojet auszesetzen
© Chambre des Deputés / Flickr
D'CGFP kritiséiert op en Neits, datt en neien Etablissement public, Akaf- a Logistik fir Medikamenter vun der Santé soll iwwerhuelen.
Dëst soll mat Personal ënner privatrechtlechem Statut geschéien. An engem Communiqué ënnersträicht d'Staatsbeamtegewerkschaft en Dënschdeg, datt ëffentlech Gesondheet eng staatlech Aufgab wier a fuerdert, datt d'Gesondheetsministesch den entspriechende Gesetztext virum Vott en Donneschdeg, vum Ordre du jour vun der Chamber hëlt.
A well d'Ministesch Deprez den Dialog refuséiert, gesäit sech d'CGFP elo gezwongen, mam Dossier op d'Conciliatioun ze goen.
Am meeschte gelies