Kläpperei tëscht e puer Persounen a Beamtebeleidegung zu Iechternach
© RTL Archivbild
D'Police krut e Méindeg den Owend spéit eng Kläpperei an engem Café an der Rue de Gare zu Iechternach gemellt.
E puer Patrulle sinn op d'Plaz kucke gefuer, wou sech de Sträit awer scho berouegt hat. Ma wéi si d'Polizisten erbléckst hunn, huet sech d'Situatioun nees opgebauscht. Ee vun de Männer gouf ëmmer méi onkooperativ, provokativ an huet d'Beamte beleidegt.
Opgrond vu sengem alkoholiséierten Zoustand huet dësen eng Gefor fir sech an anerer duergestallt. Hie koum no enger Kontroll beim Dokter a Passagearrest. Donieft gouf et nach e Protokoll.
Alkohol an Drogen um Steier
E Méindeg am Nomëtteg war dann nach e Virfall op engem Parking nieft der Ettelbrécker Gare. Do hat een Auto e puer Parkplaze blockéiert. De Chauffer gouf vun enger Patrull gebieden, dësen do fort ze beweegen. D'Beamte hunn allerdéngs bemierkt, dass de Mann Unzeeche vun Drogekonsum gewisen huet. En Drogentest huet dëst confirméiert an hie krut e Protokoll.
Och an der Stad gouf an der Nuecht op en Dënschdeg een opfällege Chauffer kontrolléiert. Hie stoung mat sengem Gefier bei der Kräizung vun der Rue de Commerce mat der Rue de Reims. Hei ware keng Drogen, mä Alkohol am Spill. En Test war positiv an et gouf e provisoresche Fuerverbuet ausgestallt.
Mandat d'arrêt ausgefouert
Kuerz viru 05.00 Auer en Dënschdeg de Moien huet eng Policepatrull am Stater Garer Quartier e Mann virfonnt, géint deen e Mandat d'arrêt virlouch. Hie koum no enger Kontroll beim Dokter an de CPU op Suessem.