Virun 200 Joer war Lëtzebuerg een Agrarstaat a grouss Deeler vun der Populatioun hunn an Aarmut gelieft respektiv waren dovu bedreet.

Esou ass et dann och net verwonnerlech, datt am Laf vum 19. Joerhonnert zéngdausende Leit an Nordamerika ausgewandert sinn, fir sech do eng nei Existenz opzebauen. Haut gëtt et op béide Säite vum Atlantik Associatiounen, déi sech op de Fändel geschriwwen hunn, d'Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an den USA ze fleegen. An deem Kader ginn dann och eng Partie Projete realiséiert.

Fënnef Woche war de Marc Zimer dëse Summer am Midwest vun den USA ënnerwee. De Physik-Proff aus dem Lënster Lycée ass Member vun der Roots and Leaves Association an huet eng Partie änlech Associatioune vun Amerikaner mat Lëtzebuerger Originne besicht. Et gëtt geschat, datt haut méi wéi eng Millioun Nokomme vu Lëtzebuerger an den USA liewen. Natierlech schwätzt awer just ee ganz klengen Deel vun hinnen nach Lëtzebuergesch, virun allem eeler Leit. De Marc Zimer hat d'Chance, am Wisconsin mat zwee vun hinnen ze schwätzen. Am Ufank hätte se nach zimmlech lues geschwat, mee no enger Zäit wier een normaalt Gespréich méiglech gewiescht. Den Néiergang vum Lëtzebuergeschen an den USA huet virun 80 Joer ugefaangen.

"Déi waren oft a Géigenden, wou och Däitscher sech néiergelooss haten, dat heescht déi Schoulklasse waren op Däitsch an nom Zweete Weltkrich ass alles op Englesch geswitched, dat heescht no an no ass dat verluer gaangen. Déi aner Saach war zum Beispill zu Chicago, datt se däitsch Fraen oder däitsch Männer haten an do ebe ganz séier ëmgeswitched hunn, fir an Amerika net a Mëssgonscht ze falen."

Fir d'Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an den USA lieweg ze halen, gëtt et een Austauschprogramm fir Lycéesschüler, bei deem am Grand-Duché eng 10 Lycéeë matmaachen. De Feedback wier esouwuel vun de Lëtzebuerger wéi och vun den Amerikaner ganz positiv.

"Déi fannen dat ganz super, déi fille sech heiansdo wéi am Film, déi kenne jo vill Saachen aus de Filmer, dat heescht, dat erliewe se dann och do hannen. Si gi ganz häerzlech an de Familljen opgeholl, si sinn Deel vun der Famill, dat heescht, si fille sech do ganz wuel. Ëmgedréint hei och fir d'Amerikaner, déi hei hinner kommen, déi staunen iwwert eis Geschicht a wat se alles gesinn, d'Buergen an all méiglech Saachen."

Och wann et kee Krittär ass, hu vill vun den amerikanesche Jugendlechen, déi beim Austausch matmaachen, Lëtzebuerger Virfaren. Déi ginn dann normalerweis wa se hei sinn och an déi Uertschafte kucken, aus deenen hier Famill ursprénglech kënnt.

Wärend dem Schouljoer schwätzen d'Schüler - op Lëtzebuerger Säit tëscht 12 a 24 pro Lycée - reegelméisseg per Video-Call mateneen an et gi verschidde Projeten, zum Beispill an de Beräicher Konscht oder Geschicht, realiséiert.

D'Erënnerungsaarbecht beschränkt sech awer net op d'Schoulen. Sou ginn am Moment eng Partie Trailen ugeluecht, dorënner een zu Chicago, dat an Zesummenaarbecht mat der Loyola University.

"D'Iddi vun deem Trail ass, datt een einfach Plazen huet, wou ee weess, do hu Lëtzebuerger eppes gemaach. Sief et eng Kierch gebaut, sief et et war ee Pub, et war een Hotel, et sinn Haiser, déi Lëtzebuerger gebaut hunn. Dat heescht, dat kann een dann och do verfollegen, sief et zu Fouss - et ass am Deel vun Edgewater - oder mam Auto."

Am Mäerz nächst Joer wäert eng Ausstellung iwwert de Projet am Lycée classique zu Dikrech organiséiert ginn. Een aneren Trail entsteet am Moment ronderëm de Lake Michigan am Wisconsin, wou nach eng Partie, fir de fréiere Lëtzebuerger Baustil typesch, Haiser aus Stee stinn. Dobäi sollen och déi Leit, déi haut an deenen Haiser wunnen, et sinn der eng ronn 20 Stéck, matagebonne ginn.

Den Trail ronderëm de Lake Michigan soll am August nächst Joer fäerdeg ginn. Vum 7. bis den 9. August organiséiert d'Luxembourg American Cultural Society an der Uertschaft Belgium nämlech déi 40. Editioun vum Luxembourg Fest.