De "Freeport" um Findel kéint eng nei Bestëmmung kréien
© RTL-Archiv
De Luxembourg High Security Hub, och nach ënnert dem Numm "Freeport" bekannt, kéint eng nei Bestëmmung kréien.
Allemol confirméiert d'Ministesch fir ëffentlech Bauten, datt de staatleche Comité d'Acquisition mam Proprietär vun dësen héich gesécherte Gebailechkeeten um Findel a Gespréicher ass. Op d'Finalitéit vun de Gespréicher geet d'Yuriko Backes net an, an och, datt d'Gebai mat sengen 22.000 Meter-Carré vu Firmen am Defense-Secteur kéint genotzt ginn, confirméiert d'Ministesch net.
Dës Pist gëtt awer och net kategoresch dementéiert, villméi seet d'DP-Ministesch, datt de Freeport substantiell misst ëmgebaut ginn, wëll en u sech jo konzipéiert gouf, fir deier Wäertgéigestänn a Konscht-Objeten ze stockéieren. Dës Funktioune vum "High Security Hub" sollen och bäibehale ginn.
De Freeport gouf iwwerdeem vu sengem Direkter als "finanziellt Lach" beschriwwen, deen ni mat Profit hätt kéinte geréiert ginn. Wéi de Philippe Dauvergne an Interviewen zitéiert gëtt, géif eleng d'Stroumrechnung vum Gebai de Mount eng 50.000 Euro kaschten - eng 300 Surveillance-Kameraen erklären dës Zomm ënner anerem.
D'Froen zum Freeport hat den CSV-Deputéierte Laurent Mosar gestallt.