Éischt Bipartitten en Dënschdeg de Mëtteg iwwert d'Aarbechtszäiten
© RTL Symbolbild
Wéi soll an d'Zukunft d'Aarbechtszäit-Organisatioun gereegelt ginn? Eng Fro, mat där sech eigentlech soll am Comité permanent de l'emploi beschäftegt ginn.
Dee Sujet gëtt normalerweis zu 3 diskutéiert, tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften. Déi Leschtgenannt hunn no de Sozialronnen awer annoncéiert, net méi an de CPTE ze goen.
Et wéilt ee keng "Politique vun der chaise vide" maachen a sech virféiere loossen, hat d'Syndikatsunioun aus OGBL an LCGB Mëtt September wëssen gedoen. Doropshin huet d'Regierung decidéiert, an Eenzelgespréicher, souwuel mat de Gewerkschafte wéi och mam Patronat no Léisungen ze sichen.
Déi éischt Ronn, ebe mat de Syndikater, ass en Dënschdeg de Mëtteg am Aarbechtsministère.
Et geet ëm d'Fro, wéi vill a wéini muss geschafft ginn a wéini Paus ass, mat natierlech sämtleche Modalitéite wéi Congéen oder Iwwerstonnen.
D'Gewerkschafte fäerten, dass d'Patronat do massiv wëll flexibiliséieren an d'Maximal-Stonne vun der Schaffzäit eropsetzen.