Ee Blesséierte bei Kollisioun tëscht zwee Autoen
© RTL
De CGDIS huet donieft e Mëttwoch zwee weider Autosaccidenter zu Péiteng an tëscht Luerenzweiler an Hënsdref gemellt.
An der Mëttesstonn gouf et an der Avenue Lucien Salentiny zu Ettelbréck en Accident mat engem Blesséierten. Nodeems sech zwee Autoen ze pake kruten, waren eng Ambulanz an ee Pompjeeswon vun der Nordstad op d'Plaz gefuer.
Um 14.49 Auer krut de CGDIS dann nach een Accident an der Rue du Stade zu Péiteng gemellt. Bei der Kollisioun tëscht zwee Autoe gouf awer keng Persoun blesséiert.
Kuerz drop koum et dann nach um CR122 tëscht Luerenzweiler an Hënsdref zu engem weideren Accident, bei deem nees zwee Autoen am Coup waren. Och hei gouf et keng Blesséierter.