Chamber fënnt et richteg, Kanner a Jonker ze schützen
© Envato / Pressmaster
Den Handyverbuet an de Schoule war ee vu ville Sujeten, déi e Mëttwoch um Ordre du jour an der Chamber stoungen.
Et war eng Aktualitéitsstonn, déi déi Gréng ugefrot haten an et gouf och e Konsens, datt eppes muss geschéien.
Kritik gouf et vun deene Gréngen éischter un der Form. D'Deputéiert Djuna Bernard sot, den Educatiounsminister Claude Meisch hätt dëse Verbuet e bëssen iwwert de Knéi gebrach a géif d'Verantwortung de Lycéeën zouschousteren.
"Dir hutt et jo bei der Annonce belooss, datt d'Lycéeë bis Päischten elo Zäit hätten, fir Konzepter auszeschaffen. Dono géift dir da kucken, ob dat Iech duergeet a wann néideg noschäerfen. An eisen Ae riskéiert dat zu Inkoherenzen an enger gewësser Konkurrenz tëschent de Lycéeën ze féieren. Sou wäerten d'Elteren an d'Schüler sech an Zukunft beim Choix vun engem Lycée dann elo mussen iwwerleeën, wéi eng Handy-Reegelungen hinnen dann do besser gefalen."
Datt den Handy an de Schoulen a Lycéeën awer verbueden, respektiv limitéiert gëtt, huet kee wierklech falsch fonnt. Och net den CSV-Deputéierte Ricardo Marques, fir deen d'Schoul den Tempel fir ze léieren an nozedenken ass.
"Smartphonen, déi de Schüler permanent Notifikatioune vun de soziale Medie schécken, stéieren hir Opmierksamkeet. Tiktok heescht esou, well et wéi d'Zäit onendlech tickt, well ee sech onendlech duerch d'Videoe scrolle kann. Déi meescht Applikatiounen an hir Algorithme sinn do, fir dee Jonken zu engem permanente Klicken a Scrollen ze féieren, mam Risiko, eng Sucht z'entwéckelen a mam Léieren net méi nozekommen."
Fir den ADR-Deputéierte Fred Keup ass déi Saach mam Handy séier gekläert:
"Bis 12 Joer iwwerhaapt keen Handy an da stellt sech och guer net déi Fro, wéi et an der Primärschoul ass, well dann huet an der Primärschoul souwisou keen en Handy. Da brauche mer déi Diskussioun guer net ze féieren. Ech fannen et verréckt, datt ee Kanner mat 10, 11 Joer mat engem Handy an d'Primärschoul goe léisst. Wat soll dat bréngen?"
Den Handy wier eeben e Fluch an e Seegen anengems, seet de Fred Keup an d'LSAP-Deputéiert Francine Closener fënnt, datt sech an deenen zwee leschte Joerzéngt villes geännert huet.
"D'Oflenkung duerch Internet, Smartphone, Social Media, ass an de leschten 20 Joer geklomm a geklomm. Mir hunn eis e Stéck drun ugepasst. Mir kënnen zum Deel domadder ëmgoen, mä et ass ganz ermiddend, permanent online a permanent erreechbar ze sinn."
Bei de Kanner an deene Jonke wier dat héchstens nach méi schlëmm. Si missten doheem an an der Schoul léieren, wéi e gesonden Ëmgang mam Smartphone a mam Internet kann ausgesinn.
De Sven Clement vun de Piraten huet gesot, hien hätt och scho vu villen Enseignanten héieren, datt d'Lycéesschüler längst wëssen, wéi se de Problem mat enger méi restriktiver Notzung vum Handy ëmginn: ee fir dem Proff ofzeginn an ee fir an d'Täsch.