Den Tunnel am Norde vun der Uertschaft hëlt lues Form un
Am Schnëtt fueren all Dag eng 17.000 Gefierer duerch Housen. An de Spëtzestonne staut et dacks massiv op där Plaz op der N7.
Scho wéi nach vill manner Trafic war, viru méi wéi 50 Joer, gouf iwwert ee Contournement fir d'Uertschaft diskutéiert. Am Juni d'lescht Joer hunn d'Aarbechten dunn endlech ugefaangen. Annerhalleft Joer méi spéit gi se an eng nei Phas.
Dat risegt Lach op der lénkser Säit, wann een aus Housen eraus a Richtung Maarnech fiert, ass ee mëttlerweil scho gewinnt. Bis elo gouf hei an éischter Linn Buedem ausgehuewen, net manner wéi 450.000 Kubikmeter, ma zanter kuerzem hëlt den Tunnel, deen hei entstoe soll, lues a lues Form un. De Marc Ries, Chef vun der Division de voirie Diekirch bei Ponts et Chaussées erkläert, wat déi nächst Schrëtt wäerte sinn.
"Mir hu lo och schonn de Coffrage do stoen, fir d'Voute ze maachen. Ab Januar wäerte mer do mam Fassage ufänken, fir déi Voute ze betonéieren. Da ginn 12,5 Meter Voute all Woch betonéiert an da wäerte mer dee ganzen Tunnel fir de Summer 2025 do stoen hunn an da kënnen déi éischt Aarbechten och schonn ufänken, fir dat Lach hei rëm zouzemaachen."
Fir d'Lach zouzeschëdden, gëtt dee Buedem geholl, dee virdrun ausgebaggert gouf. Den Tunnel wäert 325 Meter laang ginn an aus zwee Tübe mat jee zwou Spuere bestoen. Dat, fir am Fall vun engem Accident oder Entretiensaarbechten ëmmer een Tüb opzehalen. Wat de geologeschen Ënnergrond ugeet, huet ee sech plazeweis versinn. Op d'mannst beim Tunnel hätt een d'Situatioun awer an de Grëff kritt.
"Mir hunn insgesamt 4.000 Neel hei an de Fiels gebuert, fir dat Ganzt ze stabiliséieren. Mir hunn hei natierlech geologesch eng ganz aussergewéinlech Struktur fonnt. Dee Giste huet immens vill Faillen, do sinn och immens vill Verwerfungen dran, mir sinn och deelweis op Sandstee getraff, wat mer sou an där Form net erwaart haten, mee dee System, dee funktionéiert."
Ma och iwwert den Tunnel eraus gëtt de Contournement virugedriwwen:
"Mir wäerte lo am Abrëll d'nächst Joer mat engem zweeten Ouvrage hei ufänken. Dat ass d'Boukelserstrooss, déi gëtt jo och nei amenagéiert an op eng aner Plaz geluecht. Do gëtt och eng Bréck gebaut an deem Kontext. Déi Aarbechte fänke wéi gesot ab Abrëll 2025 un. An dann ass parallel och d'Soumissioun schonn am lafe fir ee weideren Ouvrage hei um Contournement. An deen nächste groussen Ouvrage, de Viaduc vun 100 Meter, déi Aarbechte wäerten 2026 ufänken."
Een éischten Deel vum Contournement, dee gutt zwee Kilometer laang ass a vum Rond-point am Süde vun Housen bis op d'Kräizung, wou et op Rouderssen erofgeet, féiert, soll 2028 opgoen. Deen zweeten Deel bis op d'Duerschterhaische soll Ufank 2030 nokommen, initial war 2029 virgesinn. De Budget beleeft sech op ronn 155 Milliounen Euro. Wann den Duerchgangstrafic bis ofgeholl huet, soll d'N7 an Housen nei amenagéiert ginn.
"Da kënne se endlech mol hir Infrastrukturen nei maachen, déi aus den Nokrichsjore sinn. Si mussen d'Kanal- an d'Waasserleitungen nei maachen. A soubal mir hei ronderëm kënne fueren, huele mer als Verwaltung dee Projet an Ugrëff, do si mer ganz staark amgaangen ze plangen. An da gëtt déi Strooss och deelweis zeréckgebaut, eng national Vëlospist geet da mat derduerch, et gëtt méi Plaz fir de Foussgänger."
An et soll och méi Gréngs an d'Duerf kommen. Den Houser Contournement soll een Deel vun der Secourisatioun vun der N7 tëscht Wäiswampech an dem Fridhaff sinn. Wou dee Projet am Ganzen drun ass, ass aktuell iwwerdeems net kloer, d'Aarbechten hätten am Fong scho sollen ugelaf sinn, ma dat ass awer nach net geschitt.