Zweete Referendum iwwer Projet Nordstad en vue?

© RTL Archivbild
Net nëmmen zu Bettenduerf, mee och zu Ierpeldeng un der Sauer soll elo ewell via Referendum iwwert de Projet Nordstad tranchéiert ginn.
Eng entspriechend Demande gëtt en Donneschdeg am Gemengerot diskutéiert.
Wéi den Auteur vun där Demande Laurent Lacour argumentéiert, soll een net bis 2027 waarden, bis et zu engem Referendum kënnt, mee d'Leit sollten elo ewell kënnen hir Meenung soen.
Dës Ufro läit RTL vir. Doranner preziséiert de Conseiller Lacour nach emol, datt hie géint d'Fusiounsgespréicher gestëmmt huet, mee datt et wichteg wier, de Bierger hir Meenung zum Sujet gewuer ze ginn.
Dat ass jo an der Gemeng Bettenduerf de Fall, wou iwwer 600 Awunner duerchgesat haten, datt et bannent den nächsten 3 Méint zu engem Referendum wäert kommen.
U sech hat de Bettenduerfer Conseil Enn Oktober mat 7 zu 4 Stëmmen decidéiert, net bei der Nordstad-Fusioun matzemaachen, dee Vott soll also lo hannerfrot ginn.
Nieft Bettenduerf an Ierpeldeng sinn nach Dikrech, Ettelbréck a Schieren vun enger méiglecher Fusioun betraff.