Belsch Kinnekskoppel, EU-Parlamentspresidentin an NASA-Chef ënnert de Gäscht
D'Commemoratioun am Joer 2023. / © RTL-Archiv
Fir den 80. Joresdag vun der Ardennenoffensiv hunn eng ganz Rei illuster Gäscht d'Invitatioun op d'Commemoratioun zu Lëtzebuerg ugeholl.
Dëse Weekend gëtt feierlech un den 80. Joresdag vun der Ardennenoffensiv erënnert - e Schlësselament am Zweete Weltkrich, dee mat enormen Affer fir d'Zaldoten an d'Ziviliste verbonne war.
Sou hunn an dëser leschter Offensiv vun de Nazi-Truppen eng 82.000 Alliéiert an 100.000 däitsch Zaldoten hiert Liewe gelooss, mee och honnerten vun Zivilisten, déi tëscht d'Fronte gerode waren.
Den offiziellen Héichpunkt vun de Commemoratiounen, déi sech an dëse Wochen absënns op d'Éislek konzentréieren, ass dëse Samschdeg um amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm, wou eng 5.000 Zaldoten hir lescht Rou fonnt hunn.
D'Lëscht vun den Éieregäscht, déi d'groussherzoglech Koppel empfänkt, ass impressionant: d'belsch Kinnekskoppel, d'Presidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola, de belsche Premier De Croo, grad wéi Delegatiounen aus dem amerikanesche Representantenhaus a Senat.
Als direkte Vertrieder vum US-President Joe Biden deplacéiert sech de NASA-Chef Bill Nelson op Lëtzebuerg, fir un d'Affer vun der "Battle of the bulge" ze erënneren.
Mee nieft den internationalen an nationalen Invitéen a Vertrieder vun den Affer-Organisatiounen ass och d'Vollek op Hamm invitéiert.
Fir e Samschdeg de Moie vun 10 Auer u bei der feierlecher Zeremonie zu Hamm dobäi ze sinn, ass eng Aschreiwung obligatoresch - de Site vun der Regierung ass duerfir vun e Mëttwoch de Moien 9 Auer u fir dës Inscriptiounen op. Et gëllt de Prinzip vum "first come - first served", wëll d'Plaze limitéiert sinn.
All d'Invitéeë mussen e Samschdeg op Navetten zeréckgräifen, wëll d'Stroossen ronderëm den Hammer GI-Kierfecht komplett zou sinn.
E Samschdeg am Nomëtteg geet d'Commemoratioun iwwerdeems zu Baaschtnech weider, wou ënner anerem eng Visitt vum Musée Espace23 um Programm steet. Baaschtnech war an der Ardennenoffensiv e strategesche Kommunikatiounspunkt, dee vun der Wehrmacht agekesselt war a vun den Truppe vum Generol Patton liberéiert gouf.