Carole Muller als aflossräichst Geschäftsfra ausgezeechent
En Dënschdeg den Owend war an der Rockhal déi zéngten Editioun vun de "Paperjam Top 100". Et ass e Ranking fir déi aflossräichst Geschäftsleit.
2006 gouf dëse Präis eng éischte Kéier iwwerreecht, éischte Laureat war deemools de Romain Bausch. Zanterhier ginn d'Paperjam Top 100 all zwee Joer organiséiert. Bei der Zeremonie en Dënschdeg den Owend an der Rockhal waren 1.200 Leit mat dobäi, dorënner och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.
All zwee Joer gëtt dës Top-100-Lëscht vun engem Jury ausgeschafft. Dëst Joer waren dat d'Julie Becker, d'Manou Hoss, de Philippe Glaesener, de Paul Konsbruck, de Georges Krombach, d'Caroline Lamboley an de Laurent Probst.
Top 10
1. Carole Muller (CEO vum Fischer a Presidentin vun der Luxembourg Confederation)
2. Pit Hentgen (administrateur-délégué de La Luxembourgeoise a President vu Lalux)
3. Françoise Thoma (CEO vun der Spuerkeess an am Conseil d’administration vu Cargolux, Enovos, Luxair, Luxembourg Stock Exchange an SES)
4. Claude Strasser (CEO Post)
5. René Winkin (Direkter vun der Fedil)
6. Gérard Hoffmann (CEO vu Proximus)
7. Michel Reckinger (CEO vu Reckinger a President vun der Union des entreprises luxembourgeoises)
8. Maxime Straus (CFO vu Cargolux)
9. Christophe Goossens (CEO vun RTL Luxembourg a Broadcasting Center Europe)
10. Marc Lauer (CEO vum Groupe Foyer)