Sentier de la mémoire soll Generatiounen, déi kommen, un dat erënneren, wat war
D'Ardennenoffensiv war eng vun de schlëmmste Schluechten zu Lëtzebuerg. E spezielle Wanderwee soll d'Geschicht vun deemools erzielen.
Et war e batterkale Wanter, dee vun 1944. Wärend déi alliéiert Zaldote scho vun engem Chrëschtdag bei der Famill gedreemt hunn, hëlt Nazidäitschland nach eng Kéier aus fir eng lescht verzweiwelt Offensiv. Taktesch Entscheedunge vun uewen, Misär an Doud um Terrain. An de Bëscher vun den Ardennen ass et zu ellene Kämpf komm, op deenen zwou Säite sinn et grouss Verloschter ginn.
Haut, 80 Joer méi spéit, gëtt vill dru gesat, dass sech un déi Feeler, Geschichten an Tragedië vu fréier erënnert gëtt. Dat ass och d'Zil vum Sentier de la mémoire um Schumannseck vum Dikrecher Militärmusée an dem Naturpark Uewersauer. Ee Projet, deen un dat erënnere soll wat war, geriicht un déi Generatiounen, déi kommen.
D’Konzept vum Wee ass an Zesummenaarbecht mat Unisstudenten an Atelieren an de Lycéeën entstanen. Do koum raus, dass dräi Punkte musse stëmmen, fir Geschicht attraktiv ze vermëttelen. Dat éischt wär, dass et soll authentesch sinn. Zweetens soll et net ze vill ze liese sinn an nei Technologië solle mat abezu ginn an drëttens sollen och Kontexter geschaaft ginn, bei deenen d’Vergaangenheet d’Probleemer vun haut erkläre kann.
Entstanen ass deen ee, respektiv zwee Kilometer laange Wee am Bësch vun den Ardennen. Et ass genee op där Plaz, wou virun 80 Joer gekämpft gouf. Et fënnt een um Wee Figuren, déi aus Fotoe gemaach goufen, vu Leit, déi et wierklech gi sinn. Ënnerwee kann ee QR-Codë scannen, déi engem d'Geschicht vun den eenzele Leit, déi een um Wee begéint ,erkläert.
Zum Beispill kritt een d’Geschicht vum Melchior Haus erzielt, eng Famill vun Zivilisten, déi net méi mat Zäite flüchte konnt an esou matten an déi bluddegst Schluecht zu Lëtzebuerg geroden ass.
Vum nächste Méindeg u start bei eis dann och en neie Podcast mat allen Informatioune ronderëm d'Ardennenoffensiv. Dee fannt fir da wéi gewinnt op RTL Play an iwwerall do, wou et Podcasten ze lauschtere gëtt.