Nieft dem alkoholiséierte Foussgänger op der Autobunn hat d'Police et och mat enger Rei Chaufferen ze dinn, déi hire Permis wéinst Alkohol agezu kruten.

E Samschdeg de Moien ass der Police um 6 Auer e Foussgänger op der Tréier Autobunn op der Héicht vum Kierchbierg gemellt ginn. Déi alkoholiséiert Persoun konnt séier vun der Police lokaliséiert ginn a koum no enger Ënnersichung duerch een Dokter an d'Ausniichterungszell.

Eng Rei Automobilisten haten an de leschte Stonnen och ze vill gedronk a goufen ugehalen, dat notamment zu Zéisseng, zu Suessem, zu Nidderkuer an um Boulevard Pétrusse an der Stad, wou den alkoholiséierten Automobilist op der Busspuer gefuer ass. an alle Fäll gouf de Fürerschäin ofgeholl.

Zu Monnerech ass e Freideg den Owend dann nach an en Haus agebrach ginn. D'Täter sinn duerch eng Fënster an d'Haus erakomm, hunn dunn d'Dier opgebrach an eng sëllegen Zëmmer duerchwullt. Si konnte sech mat Wäertgéigestänn duerch d'Bascht maachen. D'Spueresécherung gouf op d'Plaz geruff.