Dat huet den Inneminister Léon Gloden ënnerstrach, wéi zu Nidderaanwen an Route de Trèves dat fuschneit Policegebai ageweit gouf.

D'Aarbechten haten am September viru gutt dräi Joer ugefaangen an d'Kommissariat ass zënter dräi Wochen operationell. D'Polizisten, déi dra schaffen, sinn zoustänneg fir d'Gemengen aus dem Sirdall, dat heescht Nidderaanwen, Betzder, Konter, Schëtter a Sandweiler.

Et ass e Gebai dat bëssen esou ass, wéi d'Police soll sinn, seet den Directeur général adjoint vun der Police den Alain Engelhardt.
 
"Et ass e Gebai, dat ganz visibel ass. Et ass e Gebai, dat accessibel ass, an awer och einfach ass. Et ass e Gebai, dat sech net muss verstoppen a present ass. Esou ass et och bei der Police. Et ass e Gebai, dat eng gewëssen Autoritéit ausstraalt an awer oppen a frëndlech ass fir d'Bierger esou wéi eis Polizisten och hir Aarbecht maachen."
 
De Käschtepunkt vun deem neie Gebai läit bei 9,2 Milliounen Euro.