Um genee 14.47 Auer koum et am Netz vun der Stad zu engem Stroumausfall, deen direkt e puer Quartiren an der Haaptstad concernéiert huet.

Betraff waren d'Deeler Weimerskirch, Pafendall, de Gronn, Kierchbierg, Neiduerf, Clausen an Cents. Dës Ënnerbriechung gouf duerch en technesche Virfall an der Statioun "Kirchberg B" vu Creos verursaacht. D'Ekippe vu Creos huet, wéi et um offizielle Site heescht, "séier agegraff", fir d'Stroumversuergung nees hierzestellen.

De Stroum selwer war 33 Minutte fort. D'Creos huet sech e Méindeg fir den Tëschefall entschëllegt, dee bei verschiddene Leit eventuell fir Problemer gesuergt huet.

Hei déi offiziell Kommunikatioun vu Creos, deen op hirem Site ze fannen ass!

Interruption de l'alimentation électrique dans le réseau de Luxembourg-Ville

Une coupure d'électricité s'est produite aujourd'hui à 14h47 dans le réseau de Luxembourg-Ville, affectant les quartiers de Weimerskirch, Pfaffenthal, Grund, Kirchberg (Pont Rouge-Coque), Neudorf, Clausen et Cents. Cette interruption a été provoquée par un incident technique au poste Kirchberg B. Les équipes de Creos sont intervenues rapidement pour rétablir le courant, et la panne a duré 33 minutes. Creos présente ses excuses pour les désagréments occasionnés.

Stromausfall im Netz der Stadt Luxemburg

Heute um 14:47 Uhr kam es im Netz der Stadt Luxemburg zu einem Stromausfall, der die Stadtteile Weimerskirch, Pfaffenthal, Grund, Kirchberg (Pont rouge-Coque), Neudorf, Clausen und Cents betraf. Diese Unterbrechung wurde durch einen technischen Vorfall in der Station Kirchberg B verursacht. Die Teams von Creos haben schnell eingegriffen, um die Stromversorgung wiederherzustellen, und der Ausfall dauerte 33 Minuten. Creos entschuldigt sich für die entstandenen Unannehmlichkeiten.