Besonnesch gefreet huet ee sech am Musée zu Pärel eben iwwert dës Visitt, well d'Zäitzeien ëmmer méi rar ginn.

No den offizielle Feierlechkeete waren e Méindeg de Mëtteg zu Pärel fënnef Veterane vun der Air Force op Besuch. Ënnert hinne war den Ed Cottrell, deen am 2. Weltkrich Pilot vun enger P-47 Thunderbolt war. Hien ass wärend der Ardennenoffensiv Asätz iwwert Lëtzebuerg an der Belsch geflunn.

"De 17. Dezember gouf ech getraff", erënnert sech den haut 103 Joer ale Veteran. "Ech hunn et zréck op meng Basis gepackt,  zwee vu menge gudde Komeroden hate manner Chance, si goufen ofgeschoss an hunn net iwwerlieft."  
Déi 5 Veterane goufe begleet vum Helen Patton, der Enkelin vum berüümte Generol George S. Patton. Hiere Grousspapp war jo Kommandant vun der 3. Arméi an huet matgehollef, déi däitsch Offensiv ze stoppen. 
 
Leider wären d'Visitte vu Veterane méi rar ginn, soen déi Responsabel vum Musée. Leider ginn et ëmmer manner Zaldoten oder Zäitzeien, déi nach um Liewe sinn. Ëmsou méi huet een sech sech iwwert de Besuch op dësem Dag gefreet.