Corinne Cahen: En "ambitiéise" Staatsbudget "an dat muss en och sinn"
Méi wéi 2 Méint nodeems den CSV-Finanzminister Gilles Roth de Budgetsprojet fir d'nächst Joer presentéiert huet, gouf elo de Rapport doriwwer presentéiert.
D'Rapportrice, d'DP-Deputéiert Corinne Cahen, huet de Budgetsprojet en Dënschdeg an der Chamber als "ambitiéis" beschriwwen an "dat muss en och sinn, well et vill Erausfuerderunge gëtt ewéi d'Veralterung vun der Populatioun oder nach d'Hausse vun den Energiepräisser." Et géing awer och Chancë ginn, duerch d'Kënschtlech Intelligenz notamment, fir d'Produktivitéit, mee och d'Gesondheet zum Beispill.
D'KI war och dowéinst de roude Fuedem an der Ried vum Corinne Cahen, de Budget fir d'nächst Joer gouf just ugekraazt. Am Beräich KI misst Lëtzebuerg "Nischen" opbauen, d'Donnéeën hei stockéieren, mee och e gesetzleche Kader fir all d'Dimensiounen dovunner. Virun allem missten d'Donnéeën awer "propper" sinn, also openeen ofgestëmmt.
Fir mat anere grousse Staate mathalen ze kënnen, misste Lëtzebuerg an d'EU d'Bürokratien ofbauen an eng Kapitalmaart-Unioun schafen. Wat den artificial intelligence act ugeet, huet déi liberal Politikerin sech dofir ausgeschwat, datt d'Direktive ëmgesat gëtt an net méi. Et dierf een net ze streng sinn.
Vun 103 Recommandatiounen, déi si an hirem Rapport huet, huet si der puer ervirgestrach, dorënner déi Chatbots an de Verwaltungen esou séier ewéi méiglech anzeféieren an iwwerteneen ofzestëmmen. Doduercher géingen och keng Beamten hir Aarbecht verléieren, mee Beamten héchstens entlaascht ginn. Besonnesch wichteg wier, datt d'Regierung KI-Inhalter séier als solch kennzeechent. Donieft huet se eng Maison de l'éthique et l'integrité ze schafen.
Hir Ried huet d'Corinne Cahen mat Wierder ofgeschloss, déi se vun ChatGPT als Äntwert krut op d'Fro, wéi si hir Ried soll ofschléissen: "D'Zukunft vun der kënschtlecher Intelligenz läit an eisen Hänn – loosst eis se verantwortungsvoll gestalten, fir Innovatioun a Mënschlechkeet ze vereenen."
E Mëttwoch debattéieren d'Deputéiert vun all de Fraktiounen a Sensibilités politiques, Majoritéit an Oppositioun, iwwert de Budgetsprojet an duerno stëmme se doriwwer of.