Wéi am Code vun der Sécurité sociale virgesinn analyséiert d'Regierung all Joers op Basis vun der Moyenne vun de Salairen, ob e Reajustement néideg ass. 

D'Generalinspektioun vun der Sécurité sociale stellt fir 2023 e facteur de revalorisation vun 1,595 fest, wat eng Augmentatioun vun 1,6% fir 2025 bedeit.

Lescht Woch war et jo och schonn d'Annonce, datt de Mindestloun, also qualifizéiert an net-qualifizéiert, ëm 2,6 Prozent an d'Luucht gesat gëtt. Déi selwecht Hausse ginn et dann och beim Revis a beim Revenu d'Inclusion Sociale.