Renovatioun vun Arbeds-Schaarschtecher um Belval géing sechs Millioune kaschten
Um Belval stinn haut nach zwee Schaarschtecher, déi fréier der Arbed gehéiert hunn. D'Gemeng Suessem huet decidéiert, datt déi zwee Tierm ofgerappt ginn.
Zanter Ugangs de 70er Jore stinn déi zwee Schaarschtecher um Belval, elo solle se fort. D'Tierm wieren net sécher, seet d'Suessemer Buergermeeschtesch, déi rout Zille géinge bréckelen a riskéieren erofzefalen. Eng Renovatioun géing ze deier ginn.
Et kascht sechs Milliounen, fir se a Stand ze setzen. An do gi grouss Steeën opgeriicht, bannen, a baussen. An dann duerno kommen och nach ëmmer ongeféier eng Millioun all dräi Joer op eis duer, fir se dann nach ëmmer weider ze ënnerhalen. Dat si vill Sue fir eng Gemeng, seet d’Suessemer Buergermeeschtesch, Simone Asselborn-Bintz.










D'Amicale des Hauts Fourneaux bedauert d'Decisioun vun der Gemeng. D'Schaarschtecher sollen erhale bleiwen, esou wéi dat eigentlech geplangt war. D'Tierm ware fréier mol 115 respektiv 75 Meter héich. 2012 goufe se op 40 Meter gekierzt. An zanterdeem wär net méi no de Schaarschtecher gekuckt ginn, esou de Reproche vun der Amicale.
Do, wou haut d'Tierm stinn, soll an e puer Joer eng gréng Plaz entstoen, esou d'Iddi vun der Suessemer Gemeng. E Concours d’idés soll an den nächsten Deeg lancéiert ginn.