D'Situatioun vun den ëffentleche Finanze verbessert sech weider.

Chamber Budget/Reportage François Aulner

De Finanzminister Gilles Roth huet e Mëttwoch de Moien an der Chamber "Holz ugepak" a vun engem Defizit vu just 500 Milliounen Euro dëst Joer beim Gesamtstaat geschwat an esouguer en eventuelle "positive Sold" an Aussiicht gestallt. Beim Zentralstaat - also ouni Sozialkeesen a Gemengen - wier den Defizit elo just nach 1,4 Milliard Euro an net 1,9 Milliard ewéi am Fréijoer nach virausgesot.

Als Rappell: kuerz no de Chamberwale viru bësse méi ewéi engem Joer hat de Comité économique et financier national der CSV an DP bei der Regierungsbildung esouguer nach e Budgetsdefizit vun 2,3 Milliarden Euro beim Gesamtstaat virausgesot. Beim Zentralstaat, also ouni Sozialkeesen a Gemengen, 3,2 Milliarden Euro.
 
Elo ass d’Lag also eng ganz aner a vill méi positiv. D’Erklärung: D’Recettë wiere weider geklommen, fir net ze soen, se hu gespruddelt. Déi Hausse wier ënnert anerem op d’Lounsteier zeréckzeféieren, déi de Gilles Roth sech duerch "en aneren Emploi, wou de Verdéngscht vläicht méi héich ass, ewéi geschat", erkläert huet. Bei der Kierperschaftssteier hätten iwwerdeems verschidde grouss Entreprisen "aussergewéinlech Gewënner" gemaach.
 
Déi positiv Entwécklung vum Sold ass dann awer och dorobber zeréckzeféieren, datt eng Rei Ausgaben net realiséiert goufen. Liwwerunge vu Material fir d’Arméi oder bei der Eisebunn wieren net gemaach oder nach Plaze beim Staat net besat ginn.
 
Alles dat confirméiert, wat de Conseil national des finances publiques a sengem Avis sot: de Staat hätt d’Recettë systematesch ënner- an den Defizit iwwerschat. De Gilles Roth huet deemno och zouginn, oder op d’mannst confirméiert, datt d’Zuelen, déi kuerz no de Walen Enn 2023 um Dësch louchen, vill ze vill pessimistesch waren. Et wier awer "wéineg verantwortlech" gewiescht, wann een alles dat beim Opstelle vum Budget einfach ignoréiert hätt. "Cours halen, heescht och ëmmer op dat Bescht hoffen, mee gläichzäiteg awer op dat Schlëmmst virbereet ze sinn", esou de Finanzminister, deen och betount huet, datt d’Oppositioun am Fréijoer der Regierung ze vill Optimismus virgeworf hat.

Staatsschold 2028 bei 26,7% vum PIB

Eppes tëscht Optimismus a Pessimismus gesäit da fir d’nächst Joer esou aus: 1,29 Milliard Euro Defizit beim Zentralstaat. Also 500 Millioune manner Defizit ewéi am Fréijoer erwaart an dat trotz ënnert anerem dem Entlaaschtungspak fir Leit a Betriber. Fir de positive Schéiereffekt ze bewierken, also Ausgaben, déi manner séier wuessen ewéi d’Recetten, géing och hie seng Hausaufgab maachen: d’Ausgabe vum Staat géingen trotz staarkem Invest manner staark klammen, andeems d’Fonctionnementskäschte weider gebremst géinge ginn.
 
D’Staatsschold géing den neie Berechnungen no elo am Joer 2028 bei 26,7% vum PIB leien. D’Zuel, déi d’CSV an d'DP am Hierscht d’lescht Joer zu Senneng gewise kruten, war: 32,4% vum PIB am Joer 2027.
 
Nom Finanzminister hunn d’Fraktiounscheffe vun LSAP an ADR e Mëttwoch de Moie reagéiert a mëttes ginn d’Debaten iwwert de Budgetsprojet fir d’nächst Joer an de "Pluriannuell" weider. En Donneschdeg soll doriwwer ofgestëmmt ginn.