Schwaarz Gebaier, Geméis a Gaardemiwwelen zu Colmer-Bierg
© RTL Archiv
Enn November hu sech eng ganz Partie Awunner vu Colmer-Bierg bei der Gemeng gemellt, well hier Terrassen, Miwwel a Fassaden deels schwaarz waren.
Dat huet eis och op Nofro d'Buergermeeschtesch vu Colmer-Bierg, Mandy Arendt confirméiert. Effektiv hätten eng ganz Partie Leit op der Gemeng déi lescht Wochen ugeruff, fir sech iwwer schwaarz Rouscht-Partikelen ze beschwéieren, déi sech iwwerall an der Wunngéigend vu Colmer-Bierg verdeelt hätten. Eng betraffe Persoun huet sech och bei RTL gemellt, a matgedeelt, dass niewent dem Gebai och hiert Geméis komplett vu schwaarzem Rouscht iwwerzu wieren.
Dës Foto vun engem anonymmen Awunner vu Colmer-Bierg weist d'Verschmotzung duerch de Rouscht op engem Gaardemiwwel. / © RTL-Mobile Reporter
Doropshin huet d'Gemeng sech bei Goodyear gemellt, well ee staark dovunner ausgaangen ass, dass dëst wuel just vum Site vu Goodyear zu Colmer-Bierg ka kommen. An effektiv huet Goodyear de 24. November 2024 signaliséiert kritt, dass eng Héich Konzentratioun u Rouscht-Partikelen ("Noir de carbone" - "Rußpartikel" ) an der Géigend vum Wierk detektéiert goufen, sou de Communiqué vu Goodyear un d'Awunner.
Wéi d'Mandy Arendt präziséiert, hätt d'Firma der Gemeng erkläert, dass een dës Héich Quantitéiten, déi bei der Produktioun vun de Pneuen entstinn, um Daach vum Goodyear-Gebai fonnt goufen. Grond dofir war eng Pann. Et gouf eng Fuite am System, deen d'Produktioun mat Karbon alimentéiert. De Rouscht, deen do ausgetrueden ass, huet sech dunn um Daach vum Site verdeelt. Heibäi goufen d'Partikelen, déi ausgetruede sinn, wuel duerch de staarke Wand weider gedroen, dat och duerch d'Wunngéigend zu Colmer-Bierg.
D'Mandy Arendt huet betount, dass et der Gemeng wichteg war, dass Goodyear d'Leit heizou opkläre misst an och e Kontakt misst weider ginn, fir déi Awunner, bei deenen e Schued duerch dës Pann un hirem Haus oder Géigestänn entstanen ass. An hei, sou d'Buergermeeschtesch wier Goodyear "ganz reaktiv" gewiescht an hätt "d'Leit och net am Ree stoe gelooss", eppes iwwert dat een natierlech als Gemeng ganz frou wier.
Goodyear huet direkt proposéiert, dass déi Leit, deenen hir Fassad, Terrass oder soss Objeten verschmotzt goufen, professionell kéinte gebotzt ginn, dat op Käschte vun der Pneue-Firma. Heivir soll ee sech als Betraffenen ënnert communication_lux@goodyear.com oder ënnert der Nummer 81992265 mellen.
Goodyear huet dann och berouegt, a matgedeelt, dass déi industriell Partikelen, keng Auswierkungen op d'Gesondheet hätten an dass de schwaarze Belag och ganz einfach mat Waasser a Seef nees géif erofgoen. AM Schreiwes huet sech d'Firma ausdrécklech bei de betraffene Leit entschëllegt.
No der Publikatioun vum Artikel si mer dann a Gespréicher mat Awunner gewuer ginn, dass d'Verschmotzung mat Rouscht e Problem ass, mat deene vill Leit zu Colmer-Bierg zënter Jore scho geplot sinn. Wéi et heescht, wier am Kader vum Fall vum 24. November och d'Ëmweltverwaltung geruff ginn. Hei konnte keng weider Bedenke festgestallt ginn.