Ëffnungszäiten am Commerce an Handwierk sollen ausgebaut ginn
Konkret heescht dat, datt Butteker vu Méindes bis Freides tëscht 5 Auer moies an 10 Auer owes hir Dieren kënnen opmaachen.
Samschdes, Sonndes an op de Feierdeeg däerf dann tëscht 5 Auer moies a 7 Auer owes geschafft ginn. Den 1. Mee, de 25. Dezember an den 1. Januar däerfen dogéint just Metzleren, Bäckeren, Patisserien an Traiteuren opmaachen.
Dëst wier keng Obligatioun, ma eng Méiglechkeet fir Geschäftsleit, fir sech un de Preferenze vun hire Clienten a Mataarbechter unzepassen. Wëllt e Betrib ausserhalb vun dësen Auerzäite schaffen, brauch en dofir eng Derogatioun an e Kollektivvertrag.
Fir de liberale Wirtschaftsminister Lex Delles gëtt sech de praktesche Realitéiten ugepasst. Aktuell géifen iwwer 80% vun de Commercen Derogatioune froen.
"Ech soen, dass mer hei gesinn, dass mer e Gesetz hunn, wat nëmmen nach fonctionéiert duerch Derogatiounen. Mir hunn, wéi gesot, iwwert déi lescht Joren an der Moyenne eng 35 Gemenge gehat, déi gefrot hunn, fir dierfen opzemaachen. Mir hunn hei d'Commerçanten, déi froen, fir dierfen opzemaachen, sou dass mer de facto e Gesetz hei hunn, wat Sonndes-Ouverturë bal generaliséiert huet, sou dass dat eng gängeg Praxis hei zu Lëtzebuerg elo schonn ass"
Et géif sech och enger Jurisprudenz vun 2017 ugepasst ginn, wou e Bäcker geklot hat, well Tankstelle moies éischter hunn dierfte Bréidercher a Mëtsche verkafen.
Gewerkschafte schwätze vu frontaler Attack
D'Gewerkschaften OGBL an LCGB schwätze vun enger frontaler Attack, vun extremer Flexibiliséierung a vun engem soziale Réckschrëtt. Dëse Changement géing d'Familljen- an d'Privatliewe vu 50.000 Salariéen zerstéieren, dat a Secteuren, wou vill Fraen an elengerzéiend Leit géinge schaffen. Dobäi géing eng Etüd vum Institut LISER aus dem Joer 2018 kloer weisen, datt Salariéë majoritär net sonndes oder owes spéit wéilte schaffen. D'Regierung géing eng Salami-Taktik praktizéieren, no an no d'Aarbechtskonditioune vun de Leit verschlechteren, de Comité permanent du travail et de l'emploi ëmgoen an de Sozialdialog net sichen.
Eng Kritik, déi de Wirtschaftsminister Delles net wëll stoe loossen:
"Ech hat am Virfeld vun der Redaktioun vun dësem Gesetz Rendez-vousen an do gesäit een och, dass de Sozialdialog fonctionéiert huet, mat de Gewerkschaften, mat de Patronatsverbänn an do hunn ech festgestallt, dass d'Meenung hei diametral opposéiert ass. Ech hunn also hei probéiert, d'Quadratur vum Krees iergendwéi hinzekréien. Dofir hu mer op där enger Säit eng Demande vum Patronat fir gereegelt Ëffnungszäiten, ouni iwwert alleguerten déi Derogatioune mussen ze fueren, festgehalen. Op där anerer Säit awer, dass et net méi de Minister ass, deen hei d'Derogatiounen einfach kann ënnerschreiwen, mä mir hunn hei an dësem Text generell Ëffnungszäite vun de Geschäfter an alles wat doriwwer erausgeet, muss tëschent de Sozialpartner an engem Kollektivvertrag verhandelt ginn"
Béid Gewerkschafte sinn nawell net zefridden. Se hunn dem Premier Luc Frieden e Bréif geschriwwen a waarden op eng offiziell Äntwert. Parallel gi gewerkschaftlech Aktioune geplangt, heescht et an engem gemeinsame Schreiwes.