D’lescht Woch hat eng Ekipp vun RTL d’Chance, de Christophe Hansen wärend zwee Deeg op senger neier Aarbechtsplaz mat der Kamera ze begleeden.

Den 42 Joer ale Lëtzebuerger Politiker ass zënter dem 1. Dezember den neien EU-Kommissär fir Landwirtschaft an Ernärung.

D’EU Agrar- a Liewensmëttelpolitik läit déi nächst fënnef Joer a sengen Hänn. Hien ass op engem Bauerenhaff grouss ginn an d’Thema Liewensmëttel an Ernärung spille fir hien net just eng Roll op der Aarbecht, mä leien him och am Privatliewen um Häerz. Hien hëlt sech gären Zäit, fir senge Kanner ze weisen, wou d’Liewensmëttel hierkommen a wat een domadder kache kann.

"Ech kache selwer ganz gären a si hëllefe mer. Dat mécht d’Saach zwar net méi einfach, muss ech soen, fir ze kachen, well et ass méi Sauerei herno ronderëm, wéi dat da wierklech eng Hëllef ass. Mä trotzdeem mengen ech awer, ass et fir si wichteg ze gesinn, wéi een déi verschidde Saache beienee mécht. Meng Elteren doheem hunn nach Hénger, da gi mer zesummen och d’Eeër oprafen, mat deene mer dann herno selwer Nuddele maachen oder Panescher maachen."

Hie gesäit et awer och als wichteg un, dass an de Schoulen déi Jonk eppes iwwer d'Landwirtschaft, d'Liewensmëttel an d'Ernärung léieren.

"Generell an eise Schoulen ass et wichteg, dass mer vill sou Aktivitéiten hunn, wou d’Kanner direkt an de Kontakt mam Bauer kommen, mam Liewensmëttelproduzent. An datt se dat net als selbstverständlech huelen, dass dat iergendwou an engem Rayon läit. Si musse wëssen, wat do alles dohannert stécht."

Politesch läit seng Prioritéit aktuell bei der Landwirtschaft. A sengen Ae riskéiert de Secteur op eng Mauer duerzesteieren, wat d’Demografie ugeet. Et gi just wéineg jonk Baueren. Am europäeschen Duerchschnëtt hu just 12 Prozent vun de Bauere manner wéi 40 Joer. Dofir ass eent vu sengen Ziler, d’Liewen um Bauerenhaff an de Beruff vum Bauer méi attraktiv ze maachen.

"Ech mengen, mir wëlle jo gesond europäesch Liewensmëttel um Dësch hunn, déi am beschten esou wéineg wéi méiglech eis Ëmwelt belaaschten. Dat kënne mer am beschten heiheem maachen. Dofir musse mer de richtege Kader setzen an dat ass dat, wou mer dru schaffen. Mir probéieren och elo all d’Acteure vun der Liewensmëttelproduktioun un en Dësch ze kréien, fir Léisungen ze fannen, wou souwuel de Bauer de korrekte Revenue kritt fir seng Produktioun, well dee wëll léiwer vun deem Liewen, wat e schafft, wéi Formulairen auszefëllen. Dat ass eppes, wou mer déi Balance mussen hikréien."