Eng fest Traditioun, déi um Enn vum Joer an d'Haiser kënnt: Dat ass de Bréifdréieschkalenner, deen et zanter iwwer 140 Joer gëtt.

Dee Kalenner gëtt dëser Deeg am ganze Land verdeelt. Wéi d'Post präziséiert, kann et sinn, datt de Kalenner net bei jiddereen an d'Boîte kënnt. Et wier de Bréifdréier selwer, deen de Choix hei kann treffen. Zoustänneg fir d'Verdeele vum Kalenner wier och net d'Post, mä d'Bréifdréieschgewerkschaft.

Um Mëttwoch gouf dee Kalenner am Siège vum Post-Grupp presentéiert - e Kalenner, deen den Akzent op déi 3.300 Mataarbechter vun der Post leet - dat mam Motto "All Dag am Asaz am Interessi vu Land a Bierger".

Nieft den Namensdeeg sinn um Bréifdréieschkalenner och d'Schoulvakanzen agedroen, grad wéi déi 12 Méint mat hirem Lëtzebuerger Numm an d'Datumer vun den Traditiounsfester wéi Buergsonndeg, d'Eemaischen, Krautwëschdag oder och Mammen- a Pappendag.

182 Joer Success Story vun der Post wieren definitiv keen Zoufall, sou de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft Raymond Juchem. Dës Geschicht hätt mam Bréifdréier op der Postkutsch ëm d’Joer 1842, respektiv engem Telegraphekabel am Joer 1880 ugefaangen. Hautdesdaags wier den Établissement Public Post mat de ville wichtegen a performanten Zerwisser net méi aus dem Alldag vun de Lëtzebuerger Bierger ewech ze denken.

Dorunner soll eeben och de Bréifdréieschkalenner erënneren, wou och déi nei Post-Tariffer fir Bréiwer a Päck ze fanne sinn, déi vum 3. Februar d'nächst Joer u gëllen.

Hei d'Schreiwes am Detail: 

Bréifdréieschkalenner 2025

Mataarbechter vun der Post

All Dag am Asaz am Interessi vu Land a Bierger
 
A Präsenz vum Wirtschaftsminister Lex Delles, vum Präsident vum Verwaltungsrot vu POST Lëtzebuerg dem Serge Allegrezza, dem Generaldirekter Claude Strasser vu POST Lëtzebuerg, dem Lex Weyer, dem Kéntschtler an Designer vum Kalenner, dem Generalsekretär Steve Heiliger vun der CGFP, sëllege Member vum Verwaltungsrot vu POST Lëtzebuerg, e puer Direktiounsmembere, villen Gewerkschaftskolleegen vun nostoende Gewerkschaften, vu Gewerkschaftsdelegéierte  vun der BG, a villen Invitéen, ass de Bréifdréieschkalenner, haut um 18 Dezember, am Siège vu POST Lëtzebuerg offiziell vun der Bréifdréieschgewerkschaft presentéiert ginn. 
 
182 Joer Success Story vun der POST sinn definitiv  keen Zoufall, esou de Juchem Raym, dem Präsident vun der Bréifdréieschgewerkschaft. Des Success Story  huet mam Bréifdréier op der Postkutsch em d’Joer 1842, respektiv engem Telegraphekabel em d’Joer 1880 ugefaangen. Hautdesdaags ass den Établissement Publique POST, mat de ville wichtegen a performanten Déngschtleeschtungen, net méi aus dem Alldag vun de Lëtzebuerger Bierger, respektiv sëllege Betriber ewech ze denken. D‘Mataarbechterinnen a Mataarbechter vu Post Courrier, Post Finance, Post Technologies, Post Telecom, der Direction Générale , vun Deep an all de Filiale vum Groupe Post Lëtzebuerg garantéieren, dass déi vill fantastesch Déngschtleeschtunge vu POST, dann Dag fir Dag, a beschtméiglecher Qualitéit an de Betriber, bei de Gemengen, an de Verwaltungen esou wéi bei de privaten Haushalter, kënne garantéiert  ginn. 
 
Den Hiweis vum Präsident, dass Post an de leschte Joren iwwert Milliard Euro an de Standuert Lëtzebuerg investéiert huet, a parallel dann nach honnerten Milliounen Euro un Dividenden vu POST an d’Staatskeess transferéiert goufen. Derbäi kommen dann déi honnerte Milliounen EURO Lounniewekäschten, déi iwwert d’Salaire vun de Mataarbechter an d’Staatskeess fléissen. 
 
Parallel dozou dann déi Situatioun, wou vill Societéiten, mat deenen den Établissement Publique POST zesummeschafft, a bedéngt duerch vill Opträch, respektiv déi héich Investitioune vu Post, des Firmen mat den Opträch vu Post, da vill Geld verdéngen, an dann an der Konsequenz, iwwer Lounniewekäschten, Stieren an TVA, dann nach emol wichteg Suen iwwer dëse Wee dann an d’Staatskeess fléissen. Gelder mat deenen dann ënner anerem en Deel vun de Sozialausgabe vum Staat gedeckt ginn, an de Bau vu Schoulen, Spidäler a Stroossen matfinanzéiert ginn. 
 
Genee dës Situatioun ënnermauert, wéi wichteg de Rôle vun dem Groupe POST, mat all senge wichtegen Déngschtleeschtungen dann fir déi Lëtzebuerger Économie ass. D’Sanitärkris hat bekanntlech gewisen, a wou vill vun eise Mataarbechter a Mataarbechterinne bekanntlech net de Message vun der Regierung konnte befollegen, an doheem konnte bleiwen, an zu där Zäit am Interessi vu Land a Bierger, hu misse schaffen. Post mat sengen 3300 Mataarbechter a Mataarbechterinnen, war an ass deemno e wichtegen Acteur vun der Lëtzebuerger Économie, an den Etablissement Publique POST wäert och an Zukunft definitiv net méi aus dem Alldag vun de Bierger a ville Betriber ewech ze denke sinn.
 
An dëse Mérite droen definitiv all eis Mataarbechter a Mataarbechterinnen, déi bis dato bei der Administration des Postes et des Télécommunications, an zënter 1992 an dem Établissement Publique POST geschafft hunn.
Den historesche Bréifdréieschkalenner, mat deem mir als Bréifdréieschgewerkschaft schonn zënter 1892 versiche fir e wichtegen Thema ze sensibiliséieren, gëtt dann ab e Freide vun de Bréifdréierinnen a Bréifdréier, queesch duerch dat ganzt Land an d’Bréifboîten verdeelt. 
 
Op der Récksäit vum Kalenner fënnt een déi nei Tariffer vu Bréif a Colis, déi ab dem 3 Februar a Kraaft trieden, esou wéi den Hiweis, dass den Eboo Client vu POST interessant Remisen a Promotioune bei verschidde Betriber kann an Usproch huelen. 
 
Bréifdréieschgewerkschaft an all Mataarbechterinnen a Mataarbechter vu POST Lëtzebuerg wënschen de Bierger an hirer Clientèle schéi Feierdeeg, an e gudde Rutsch, an en hoffentlech méi friddlecht neit Joer.