Nieft enger Kollisioun tëscht Viichten a Méchelbuch waren d'Rettungsdéngschter och op en Accident tëscht Izeg a Sandweiler geruff ginn.

Kuerz no 9.30 Auer waren d'Rettungsekippe vum CGDIS alarméiert ginn, nodeems um CR159 tëscht Izeg a Sandweiler zwee Autoen accidentéiert waren. D'Rettungsdéngschter aus der Stad a vun Hesper waren am Asaz an hu sech ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Um CR305 tëscht Viichten a Méchelbuch hat et kuerz no 10 Auer tëscht engem Camion an engem Auto geknuppt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert, déi vun den Ambulanciere vu Réiden versuergt gouf. Donieft waren d'Pompjeeë vu Viichten op der Plaz.