Presserot kritiséiert Stater Gemeng wéinst "geféierlecher Rhetorik"

© Domingos Oliveira
An de Konventioune vun "Hëllef um Terrain" mat der Stater Gemeng ass festgehalen, datt HUT just no Ofsprooch mat der VDL dierf mat der Press schwätzen.
De Presserot wiert sech an engem Bréif un de Stater Schäffen- a Gemengerot géint dësen "Agrëff an d'Pressefräiheet an dem Informatiounszougang fir Journalisten". Den Conseil de Presse schreift, et hätt ee "mat grousser Iwwerraschung" an den neie Konventiounen tëscht der Stater Gemeng an der asbl HUT "Hëllef um Terrain" , datt all Kommunikatioun vun HUT mat der Press an Ofsprooch mat der Stad Lëtzebuerg ze geschéien hätt.
Am leschte Stater Gemengerot huet d'Oppositioun an deem Kontext vun engem Maulkuerf geschwat an net mat Kritik gespuert. Am Bréif un déi Stater Gemengeresponsabel, deen RTL virläit, freet de Presserot fir dëse Passus ze sträichen. D'Vertrieder vun de Journalisten an Editeuren hei aus dem Land fannen et schockant, datt an der zoustänneger Gemengekommissioun gesot gi wier, et wéilt een d'Mataarbechter vun HUT virun der Press schützen. Dat wier eng geféierlech Rhetorik.